Den Alfredo an d'Aylin mussen net doriwwer streide wie vun deenen Zwee méi al ass...

Normalerweis feieren d'Zwillingen de selwechten Dag Gebuertsdag an normalerweis si se och am selwechte Joer gebuer. Ma net esou beim Alfredo an Aylin, déi um Owend respektiv an der Nuecht vum 31. Dezember 2021 op den 01. Januar 2022 op d'Welt komm sinn.

D'Fatima Madrigal an de Robert Trujillo aus Greenfield a Kalifornien hunn hire Bouf an d'Duechter mat 15 Minutten Ënnerscheed duerfte begréissen, allerdéngs op zwee verschiddenen Deeg an an deem heite Fall dann eben och an zwee ënnerschiddleche Joer. D'Eltere selwer fannen et natierlech iergendwéi komesch, dass hir Zwillingen net dee selwechten Dag Gebuertsdag hunn a gläichzäiteg hätte se sech doriwwer gefreet, dass déi Zwee hire ganz eegene speziellen Dag hätten op deem se sech an Zukunft dierfe feiere loossen.