Der Fra war et peinlech, dem Hond war et schlecht an d'Déierendokteren huet et mat Humor geholl...

Wann et dem beschte Frënd vum Mënsch net gutt geet, da leeft een natierlech mat em bei den Déierendokter. Esou ass et enger Fra mat hirem Bullterrier gaangen, deen de Mo op der Kopp hatt a schonn eng Zäitche verstoppt war.

An der Praxis hunn d'Veterinäre séier erausfonnt, dass Friemkierper am Mo an am Daarm vum Mupp wieren an dës just mat Hëllef vun enger Operatioun kéinten erausgeholl ginn.

Nodeems d'Déierendokteren der Besëtzerin gewisen hu wat hiren Hond verschléckt hat ass dës direkt rout ugelaf an huet sech geschummt. De Grond vum Bauchwéi waren nämlech 8 hallef verdaute Slippen, Tangaen an G-Strings, déi sech am Mo vum Mupp gesammelt haten. D'Fra gouf an der Praxis berouegt a krut e puer Tipps wéi se mat de komesche Virléifte vun hirem Bullterrier kéint ëmgoen.