Duerch England hänke Poster vun engem Jonggesell, deen net vu senger Mamm verkoppelt wëll ginn...

De Muhammed Malik ass 29 Joer al, wunnt an England an ass eigentlech ganz zefridde mat sengem Liewen, wär do net de Status "Single", dee virun allem senger Famill guer net passt. Ma ier seng Mamm aktiv gëtt an en eventuell dozou géif drängen en arrangéiert Bestietnis anzegoen huet de Mann, deen ursprénglech aus Pakistan kënnt, d'Saach selwer an de Grapp geholl.

Mat risegrousse Plakater, déi duerch London a Birmingham ze gesi sinn, geet de Muhammed ganz ëffentlech op d'Sich no enger potentieller Léift. "Rett mech virun engem arrangéierte Bestietnis", esou steet um Poster, mat deen de Mann hofft eng Fra ze fannen.

Géint arrangéiert Hochzäiten hätt de Mann u sech näischt, ma ier e sech dorop géif aloossen, wollt en et fir d'éischt op seng Art a Weis probéieren, och wann dat elo net déi gängegst Method ass d'Fra fir d'Liewe kennen ze léieren. Ma an enger Pandemie ass et net esou einfach ze Daten also huet de Jonggesell ganz nom Motto "verzweiwelt Zäiten erfuerdere verzweiwelt Moossnamen" nieft de Plakater och nach eng Website an d'Liewe geruff. Ënnert dem Site findmalikawife.com kënne sech Interesséierter mellen.