Kann een hei vun enger Muhtrix schwätzen?!

An der Tierkei test den Izzet Kocak aktuell eng nei Taktik fir seng Mëllechkéi ze motivéieren. Am Wanter verbréngen d'Déieren hiren Alldag am Stall, ma doduerch schéngt et manner Mëllech ze ginn, esou de Bauer, deen am Summer méi Produktioun beobacht.

Ma wann et just un der Plaz an dem Wieder läit, da misst et dach eng Léisung ginn an esou huet de Bauer en Virtual Reality Brëll an d'Spill bruecht. Mat dësem gëtt der Kou virgespillt, dass si bei beschtem Wieder op der grénger Wiss géif stoen an net wéi et aktuell de Fall ass wéinst der Keelt am Stall. Esou absurd dat Ganzt kléngt, et schéngt ze klappen: D'Quantitéit u Mëllech déi d'Hightech-Kéi vu sech ginn huet sech vun 22 op 27 Liter gesteigert. De Kocak wär iwwerzeegt vun der Method a wéilt elo weider headsets fir seng Déiere kafen.

Och a Russland gouf dës Method scho mol getest, skurril gesäit dat Ganzt op alle Fall aus an et freet ee sech ob d'Kou frou iwwert déi Rees op d'Wiss ass oder dann awer léiwer ganz reell am groe Stall wéilt stoen...

Dem Bauer no wären d'Kéi duerch d'Virtual Reality méi frou a géifen dowéinst méi Mëllech produzéieren. Och am Internet gouf iwwert d'Method a virun allem Muhtrix diskutéiert.