An dowéinst goufen déi Zwee elo entlooss...

An den USA, am Bundesstaat Kalifornien, sinn zwee Polizisten entlooss gi well se amplaz op en Noutruff ze reagéieren, Pokémon Go um Handy gespillt haten. Am Abrëll 2017 wär den Noutruff erakomm, bei deem et sech em en Iwwerfall an engem Supermarché gehandelt hätt. Amplaz hirem Job nozegoen an déi Kriminell ze fänke waren d'Beamten awer domat beschäftegt Pokémonen ze joen.

D'Polizisten haten et deemools ofgestridden a waren a Beruffung gaangen. Elo hunn d'Opzeechnunge vun de Gespréicher am Policeauto bewisen, dass déi Zwee den Noutruff matkruten. Ma déi selwecht Zäit wéi den Iwwerfall erakoum, war e seelene Pokémon (Relaxo) an der Géigend opgedaucht an d'Beamten hu sech decidéiert léiwer dohin ze fueren an dem Pokémon nozejoen wéi de Raiber.

Wärend den nächsten 20 Minutten hunn d'Polizisten anscheinend iwwer Pokémon diskutéiert, wärend se un ëmmer nees neie Plazen no weidere Kreature gesicht hunn. Ebe just net no deenen, déi se sollten am A behalen...