
© Unsplash
An dat ass definitiv méi deier gi wéi d'Protokoller, déi en esou opgereegt hunn...
Zu Kassel an Däitschland war en 20 Joer ale Mann esou rosen iwwert Protokoller, déi en a sengem jonke Liewe scho mol krut, dass e säi Frust un engem Blëtzer ausgelooss huet. Éischtens ass dat souwisou scho mol keng gutt Iddi an zweetens gëtt déi Aktioun nach méi blödsinneg, wann direkt hannert dem Blëtzer e Policeauto steet.
Zu senger Verdeedegung, den Auto war en zivilt Gefier an de Mann hat net domat gerechent, dass e Beamte géif dra sëtzen. Dat ännert awer näischt un der Beweislag an esou ass de rosene Fuerer direkt mat op de Büro geholl ginn.
Elo muss e sech net just wéinst senge Protokoller veräntwerten, ma och wéinst Zerstéierung vu wichtegen Aarbëchstmëttel. Elo gëtt gepréift wéi héicht de Schued um Blëtzer ass, eppes ass awer scho kommunizéiert ginn: E wär esou demoléiert, dass een en de Moment net méi asetze kéint.