Den Taxichauffer war net esou kooperativ wéi den Déif sech dat virgestallt hat...

Zu Siegen an Däitschland ass e 27-Järege mat engem Safe an en Taxi geklommen. Dësen huet ufanks nach matgespillt, huet wärend dem Fueren awer gemaach wéi wann en e Frënd géif uruffen an esou d'Police alarméiert. Doropshi gouf d'Gefier gestoppt an den Taxi-Gaascht duerchsicht. Beim Mann goufen Droge fonnt a Saachen, déi geklaut waren. D'Schlëssele fir de Safe hat de 27-Järege allerdéngs net bei sech.

De Mann gouf festgeholl a spéider erëm goe gelooss well net genuch Beweismëttel géint e virleie géifen. Mëttlerweil gëtt dann awer wéinst méi Abréch géint de Mann ermëttelt.