Duerch Corona-Lockdown dat wuel onfräiwëlleg längsten Date am Liewen.

An der Stad Zhengzhou a China gouf vun engem Dag op deen aneren e Lockdown ausgeruff. Wéi dëst geschitt ass, war eng Fra grad bei engem Date doheem. D'Treffe gouf vun der Fra hirer Famill arrangéiert a war an der Wunneng vum Mann, dee ronn 1000 Kilometer vun der Fra hirer Heemechtsstad Guangzhou ewecht wunnt.

Duerch den onverhoffte Lockdown souz d'Fra eegenen Aussoen no zanter dem 9. Januar bei hirem Date doheem a koum net fort. Wéi laang genee ass onkloer, ma dass et deenen Zwee d'Situatioun net ganz angeneem war dat huet een duerch d'Videoen, déi d'Fra wärend hirem (laangen) Date eropgelueden huet eraushéieren.

An de Videoe betount d'Fra, dass et hir gutt geet an dass de Mann extra fir si gekacht hätt. Ma d'Iesse wär just sou mëttelméisseg an hiert Date wär esou gespréicheg wéi eng Popp.

Aus Récksiicht op de Mann mat deem et och iwwer Deeg ewech einfach net knistere wollt huet d'Fra hir Videoe mëttlerweil geläscht.

Wie sech freet wéi esou e spontane Lockdown zustane komme kann: A China setzt een op eng Null-Corona-Politik. Hei gi ganz Milliounestied wéinst eenzele Corona-Fäll an en totale Lockdown geschéckt.