Mat Schmieren an Uebst hat d'Meedche gerechent, ma Marihuana an Zigarette waren der Educatrice an d'Hänn gefall wéi Zäit fir d'Paus war.

An enger Crèche zu Weiden, an Däitschland, hat eng Educatrice gestaunt wéi et drëms gaangen ass d'Schmierekëschte vun de Kanner auszepaken. Dass do heiansdo Snacks drënner sinn, déi d'Erzéier net esou gäre gesinn ass gewosst, ma mat dem Contenue, deen e 6 Joer alt Meedchen dobäi hat hat wuel kee gerechent. An der Broutdous louchen amplaz vun Uebst a Schmieren nämlech Marihuana an Zigaretten.

Do hat wuel een d'Lunch Boxe vertosch. Fir genee ze sinn d'Mamm, et huet sech erausgestallt, dass hir dës Këscht gehéiert. D'Betreier hunn d'Police geruff an elo soll eng Klo géint d'Eltere lafen.