Hei huet wuel ee sech fir d'Phallus-Route decidéiert.

Wärend engem Flug iwwer Los Angeles huet sech e Pilot e klenge Spaass erlaabt. Hien ass quasi e Kënschtler aus der Loft a léisst eis all duerch "Flightradar24" u senger artistescher Oder deelhuelen. Dës hunn nämlech eng Foto gedeelt an där een dem Pilot seng Route gesäit. D'Phallus Route quasi, de Wee zeechent sech nämlech wéi e Penis.

Um Regio-Fluchhafe Long Beach hat de Lausbouf seng 1-Motor-Maschinn gestart a seng kënschtleresch Ambitiounen erausgelooss. Domat net genuch: De Lausbouf huet nieft säi Konschtwierk och nach den Numm Ryan an den Himmel gezeechent. Ob e säi Wierk domat selwer ënnerschriwwen huet, een anere beleidege wollt oder dat einfach nëmme seng Aart a Weis ass e Kolleeg vun uewen ze gréissen, dat ass net gewosst.