Spektakulär Lag, eenzegaarteg Konscht a risegrousst Uwiesen an trotzdeem wëll keen et...

Den Dënschdeg sollt eng Villa mat ganz spezielle Konschtwierker versteet ginn, ënnert anerem ass dem Fréibarock-Kënschtler Caravaggio säin "Jupiter, Neptun a Pluto" un de Plaffong gemoolt. Dës Molerei ass tëscht 1579 a 1599 am Optrag vum Kradinol Francesco Maria Bourbon de Monte entstanen an ass u sech schonn e Verméige wäert. Aus deem Grond an de Fakten, dass d'Villa Aurora 2800 Quadratmeter opweist an an enger spektakulärer Lag iwwer Roum läit, gouf se fir de Minimalpräis vun 353 Milliounen ugesat.

Ma d'Gebai krut keen eenzegt Ugebot an der Stee an esou gëtt de 7. Abrëll nach emol probéiert d'Villa un de Mann oder d'Fra ze bréngen.