E Student an Indonesien hat sech wärend 5 Joer all Dag selwer fotograféiert an dat hat sech gelount...

All Dag e Selfie, dat klengt machbar awer elo net sou lukrativ. Ma en indonesesche Student huet bewisen, dass et awer genee dat ka sinn, och wann ee keen Influencer ass. Ënnert dem Motto "Ghozali all Dag" huet der Mann, dee Computerwëssenschafte studéiert, sech all Dag geknipst an no 5 Joer d'Eegentumsrechter un de Fotoe fir de Verkaf ugebueden. NFT-Sammler sinn och tatsächlech drop ugesprongen a wat ufanks als Geck geduecht war huet dem Sultan Gustaf Al Ghozali méi abruecht wéi geduecht.

Insgesamt hu méi wéi 400 Mënsche sech fir d'Fotoen interesséiert, ier de Wäert schlussendlech op iwwert eng Millioun geklommen ass. Hie wéisst just nach net wéi e sengen Elteren erkläre sollt wou all déi Suen hierkommen. Egal wéi, géif hien d'Suen investéiere wëllen a weiderhin all Dag e Selfie vu sech maachen.