
© Pexels
Eréischt wéi déi vermeintlech Popp ugefaangen huet ze verweesen ass d'Verwiesslung opgefall...
Zu Darmstadt an Däitschland huet eng Pak-Firma, wéi et vun de Beamten heescht, aus Versinn eng Läich matgeholl a gelagert. D'Miwwelpaker, déi alles sollte mat huelen, haten d'Läich fir eng Vitrinnepopp gehalen an dës am Lager ënnerbruecht. Eréischt 2 Méint méi spéit ass de Mëssel opgefall well et ugefaangen huet staark am Lager ze richen.
Eng Obduktioun huet erginn, dass et sech beim Doudegen ëm de Besëtzer vun der Wunneng handelt. Dësen huet missen d'Haus verloossen, d'Geriicht hat dat esou beoptraagt an d'Plënner-Firma dohi geschéckt.
D'Ermëttler ginn dovun aus, dass de Mann sech entweder ëmbruecht huet oder enges natierlechen Doudes gestuerwen ass. Indicen op e Gewalt-Verbrieche géifen et keng ginn.