Fir all déi Leit, déi es net genuch krute vun der Isolatioun...

Wie sech iwwert déi sozial Distanz an de leschte Jore gefreet huet an elo schonn nees genervt ass, dass et nees d'Norm ass ënnert d'Leit ze goen, fir deen hätte mer elo villäicht déi passend Immobilie.

Den US-Amerikaneschen Agent Billy Millikin bitt aktuell en Haus un, dat net méi ofgeleeë kéint sinn. D'Holzhaus ass mat senge 50 Quadratmeter eigentlech éischter als Haischen ze bezeechne mee dofir huet ee ronderëm genuch Plaz fir sech auszebreeden. Wann der elo sot "jo mee een deen net mat der Baussewelt a Kontakt triede wëll, deem ass de Gaart ronderëm egal", dee kënne mer berouegen: Direkt virun der Hausdier befënnt sech d'Mier an d'Küst. Soss gëtt et nämlech keen anert Haus op der Insel a genee déi keeft ee bei dësem Deal mat.

Fir 339.000 Dollar kann een d'Haus mat der Insel ergatteren, déi sech an der Wohoa Bay befënnt, am US-Amerikanesche Bundesstaat Maine. D'Haus gouf eréischt 2009 gebaut, dowéinst ass d'Ariichtung zimmlech modern. Déi grouss Fënster vum klengen Haus bidden e wonnerschéinen Ausbléck op d'Mier a bestätegen d'Versprieche vum Agent, dass een déi total Rou, Natur an Einsamkeet an dësem Doheem géif fannen. E Minuspunkt: Fir op d'Toilette ze goe muss een an d'Gebai niewendrun. Déi gutt Noriicht et kann een am Pyjama an an de Schlappen eraus, et ass jo keen do, deen engem nokuckt.

Fir Entertainment suergen dann d'Robben a Séiléiwen, déi sech baussen um Strand gäre mol néier loossen. A falls ee mol vun der Insel fort misst fir Kommissiounen ze maachen, da muss een op d'Boot zréck gräife well just esou ass d'Haus ze erreechen. All ze wäit huet een et awer net wann ee mol e soziale Moment verspiert: Den Hafen Jonesport soll just e kuerze Bootstrip entfernt sinn. Fir Pizza-Liwwerdéngschter oder Amazon-Päckelchersbrénger wäert et trotzdeem ze wäit sinn.

Ob d'Haische sech dann elo offiziell "einsamsten Haus vun der Welt" dierf nennen, ass nach net gewosst. D'lescht Joer ass dësen Titel un d'Haus "Buffa di Perrero" gaangen, dat ganz eleng an engem eemolegen Dierfchen héich an de Bierger vun Italie läit.