An der Mauer vum Buedzëmmer huet eng Koppel aus den USA, Fritte vun enger Fastfood-Kette fonnt, déi iwwergens nach knuspereg waren.

Bei Renovatiounsaarbechte kann et mol sinn, dass ee Saachen erëm fënnt, déi ee Jore laang gesicht huet. Ma bei enger Koppel aus Illinois an den USA ass bei der Renovéierung vum Buedzëmmer eppes ganz Skurrilles opgetaucht. An zwar een Handduch an dat eppes agewéckelt war. Ufanks war direkt de Gedanken, dass et eventuell Mënschlech Iwwerreschter wären. Ma wéi se méi genau nogekuckt hunn, ass hinnen opgefall, dass et zwou Burgervarpackungen an eng hallef Tut Fritte waren, déi iwweregens net vergammelt mee esouguer nach knuspereg sinn.

Unhand vun de Verpackungen huet een eraus fonnt, dass et sech ëm een Design aus 50er bis 60er Joren handelt. Also Logo war nämlech hei nach d'Maskottchen "Speedee" ze gesinn, deen 1963 vum Ronald McDonald ofgeléist gouf. 1959 ass nämlech net wäit vum Haus ee vun deenen éischte Restaurante vun der Ketten opgemaach ginn. Am nämmlechte Joer ass iwweregens och d'Haus vun der Koppel gebaut ginn.