Dat bekannte Monster mam Numm "Nessie" ass nees op engem Video opgetaucht, deen Experten no kee Fake ass.

Mythe ginn et der mëttlerweil wéi Sand um Mier. Deemno ass et do och ëmmer schwiereg ze soen, ob net awer villäicht un engem eng Grëtz Wouerecht drun ass. Wuel dee bekanntsten ass dee vum Monster vu Loch Ness a Schottland.

Fakt ass, dass elo viru kuerzem nees ee Video vum Nessie opgetaucht ass. Vu wäitem gesäit ee ganz kloer um Video, dass direkt ënnert der Waasseruewerfläch eppes gréissere schwëmmt. Elo kéint een natierlech direkt nees dovunner ausgoen, dass et sech ëm ee Fake handelt, ma dem Nessie-Expert Gary Campbell no, sinn d'Opnamen allerdéngs echt. Den Expert ënnersicht säit 26 Joer all eenzele Video deen optaucht an dat heite wär bei wäitem déi bescht Opnam déi hie jee gesinn huet.

D'Koppel déi d'Opname verëffentlecht huet, well allerdéngs anonym bleiwen.