Un den Handy gefesselt sinn anscheinend net nëmmen d’Mënschen...

De Mënsch ka scho bal net méi ouni den Handy liewen. Bis elo hätt ee geduecht, datt et just d’Mënsche sinn, déi den Handy net aus de Fanger kënne loossen. Déi Ära schéngt awer elo eriwwer ze sinn. Ob eemol kuckt sech d’Déier selwer um Handy Videoe vun de Mënschen un. Wat eng Ironie. Natierlech ass et dann och nach dat Déier, wat dem Mënsch am änlechsten ass.

An engem Zoo a Chicago ass de Gorilla “Amare” scho bekannt dofir, sech gär Fotoen a Videoen unzekucken. D’Visiteure halen den Handy einfach virun d’Glasscheif vum Gehege. Mat engem YouTube-Video géif een dem Af déi gréisste Freed maachen. Leider leiden dem Af seng sozial Kompetenzen ënnert dem enorme Bildschirmkonsum. Wéi et schengt, sinn déi aner dräi Gorillaen och vum «Amare» sengem Behuelen genervt. Ma d’Konsequenz ass simpel: Den «Amare» dierf net méi op een Handy kucken.

D’Visiteure gi mat engem Ofsperrband vun der Glasscheif ewechgehalen. Sou sollen si dovun ofgehale ginn, den Handy bei d’Glas ze halen. Doduerch ass dem «Amare» seng nei Gewunnecht schonn ee gutt Stéck zeréck gaangen.

Ass et net scho relativ witzeg, wéi änlech sech Af a Mënsch sinn?