Bei der Léift op den éischte Bléck ass et ëmmer besser nach eng zweete Kéier méi genau ze kucken.

Komplett anungslos wollt eng Famill aus Massachusetts engem klengen Hond, deen op der Strooss gelieft huet d’Liewe retten. Bei sou treien A kann ee scho bal net widderstoen. Verblennt vun der Realitéit, huet d’Famill net gemierkt, dass et sech ëm ee geféierlecht Déier handelt. Bësse wéi de Wollef de sech am Schofskostüm verstoppt. An dësem Fall éischter de Kojot am Hondskostüm.

Ganz a Panik wéinst hirem Fund, gouf direkt de Cape Wildlife Center kontaktéiert. No enger Rei Tester huet d’Santé vu Massachusetts festgestallt, dass kee Risiko fir eng méiglech Tollwut besteet. Net nëmmen dat. No deenen ustrengenden Deeg an Isolatioun, kann sech dee klenge Kojot op Gesellschaft freeën.

Wildlife Clinic of Rhode Island huet matgedeelt, dass bei hinnen ee klenge Kojotwelpen op d’Welt komm ass. Do ass d’Entscheedung gefall, dass déi zwee Kleng, no puer Impfungen, zesummen opwuesse sollen.

D’Zil dovun ass, dass d’Kojoten op eng natierlech Aart a Weis grouss ginn. Dat heescht d’Verhalensweis an och d’Kompetenzen déi se normalerweis vun den Eltere léieren, ze reproduzéieren.