Eng Hochzäit am däischteren hält zwou indesch Schwësteren net op.

Wann et ëm den Hochzäitsdag geet, da wëll een op kee Fall, dass dat am Chaos end. Leider ass d’Schicksal net ëmmer op der Säit vu jidderengem, wéi eng Hochzäit an Indien bestätegt.

Zwou Schwësteren hunn sech dozou entscheet fir sech dee selwechten Dag op der selwechter Plaz an dem selwechte Brautkleed ze bestueden. Dat eenzegt wat sech vun deenen zwee ënnerscheet huet ass de Mann dee se bestueden.

Wéi dunn d’Hochzäitszeremonie lass gaangen ass, ass de Stroum ausgefall. D’Schwësteren huet dat awer net dovun ofgehalen d’Zeremonie weider ze maachen. Si hunn hir Ritualer einfach am ganz däischteren ausgetosch. Wat hinnen awer net bewosst war ass, dass déi zwee virun dem falsche Mann stoungen.

Réischt wéi de Stroum rëm zréck war, ass dat «klengt» Mëssgeschéck un d’Liicht komm. De Paschtouer huet dunn natierlech dat Ganzt nach eng Kéier widderholl. Sou hat all Schwëster d’Méiglechkeet hir Ritualer mat dem richtege Mann ze maachen.