Wann de Buddhismus et bis op de Mars packt.

De Mars mat senger friddlecher Atmosphär a senger Sandlandschaft wier dach perfekt fir een Zen-Gaart do ze kreéieren. Op déi Iddi ass och de Rover «Perseverance» vun der Nasa komm. De Rover ass op de Mars geschéckt ginn, fir do Analyse vum Buedem ze maachen an do no Mikrobe sichen, déi interessant fir Recherche kënne sinn.

Genau bei dëser Aktioun huet de Percy, de Rover vun der Nasa, eppes ganz aussergewéinleches gemaach. Hien huet säin ënnerleche Kënschtler rausgelooss. Aus Versinn huet en déi berüümten Zen-Konscht an der Sandlandschaft hannerlooss.

Seng Spueren déi sech ronderëm ee Stee befannen, si genau sou propper a parallel gezu gi, wéi wann se original vun engem Mönch wieren. Wat dat ganzt Spektakel sou interessant mécht ass déi Tatsaach, dass et am Buddhismus keen Zoufall gëtt. Alles geschitt aus engem Grond.

Wann een op d’Buddhiste lauschtert, da kéint ee scho bal behaapten, dass de Percy geeschtlech méi intelligent ass wéi sou munch Leit déi op der Äerd liewen. Dem Percy säi Wierk ass zwar nëmmen ee klenge Schrëtt fir hie gewiecht, awer ee risege fir de Buddhismus.