
© Pexels
Et ass villäicht kee Konschtwierk, ma kreativ war et op alle Fall.
Zu Neustrelitz hat e Mann probéiert mat senger kënschtlerescher Oder u Suen ze kommen. Nee en huet sech weder dru probéiert Biller ze molen an ze verkafen, nach ass et tatsächlech e Kënschtler. De 57-Järegen hat einfach e puer Strécher op Plastiksfläsche gemoolt an dës domat probéiert als Pfand-Fläschen ze tarnen. Op d'Fläschen huet en e Stréch-Code gezeechent, änlech deenen, déi een eben op Pfand-Fläsche fënnt.
Ganzer 144 vun dëse bemoolte Fläschen a Becher hat e bei sech wéi e bei engem Automat op frëscher Dot ertappt gouf. Wien elo mengt et wär beim Versuch bliwwen, deen iert sech. Tatsächlech hat d'Gezeechens scho mol funktionéiert. Knapp 25 Euro hat e bis e vun der Police opgesammelt gouf beim Automat ageléist. An de Bongen ze urteelen, déi e bei sech hat, hat en et schonn den Dag virdrun erfollegräich probéiert. D'Ermëttlunge géint de Mann sinn dann aktuell nach um Lafen.