Wann den Auto ze deier gëtt, muss een eben op d'Päerd zréck gräifen...

D'Sprit-Präisser klammen an doduerch gëtt d'Autofuere quasi zum Luxus. Eng Reittrainerin aus Hessen ass genee dowéinst elo vum Auto op d'Päerd ëmgeklommen, wuertwiertlech!

Normalerweis ass d'Stephanie Kirchner nämlech mat sengem Auto ënnerwee a fiert och domat bis op d'Aarbecht. Vue, dass d'Bensinn-Präisser awer ëmmer méi deier ginn an d'Fra d'Méiglechkeet huet mam Päerd op d'Aarbecht ze reiden, war d'Decisioun séier geholl. Si betreit insgesamt 25 Päerd op engem Päerdshaff, privat hat d'Trainerin awer just mol kuerz Zäit fir e klengen Ausrëtt. Elo gëtt dat da méi dacks gemaach an zwar net just Hobby-méisseg mee tatsächlech ass Fortbeweegungsmëttel. An dat och net just fir op d'Aarbecht, mee och fir akafen ze goen oder soss iergendwou hin ze reiden.