Klaue mécht een net, ma aus engem Tempel scho mol guer net!

Déif an Indien, fir méi genee ze sinn an der Regioun Uttar Pradesh, hunn eng gutt Dose Götter-Statuen aus engem 300 Joer alen Hindu-Tempel stibitzt. Ma amplaz se weider ze verkafen a wéi geplangt Suen domat ze maachen, hunn d'Gauner déi 14 vun de 16 geklaute Statuen nees zréck bruecht. De Grond dofir war kee schlecht Gewësse mee schlecht Dreem!

D'Déif hunn déi geklaute Saachen nämlech mat engem Bréif virun dem "Paschtouer" säi Wunnuert geluecht. Am Schreiwes hunn d'Gangsteren uginn, dass se nodeems se d'Statue geklaut haten net méi roueg schlofe konnten an et hinnen onméiglech war e friddlecht Liewen ze féieren. "Mir hu genuch vun de béisen Dreem a ginn d'Wäertgéigestänn zréck", esou stoung et am Bréif.