"Entweder dir schenkt eis en Enkelkand bannent engem Joer oder mir verlaangen 620.000 Euro"

Déi meescht Eltere wëllen näischt vum Sexliewe vun hire Kanner wëssen, ma di heiten Elteren drängen de Jong souguer dozou. Eng Koppel aus Indien gouf elo vun den eegenen Eltere verklot well et mam Famillje-Plang net viru geet. Zanter 6 Joer wär hie mat senger Fra bestuet, ma Nowuess gëtt et (nach?) keen. Fir de Sanjeev Ranjan Prasad (61) a seng Fra Sadhana Prasad en absolutten No-Go. De pensionéierte Pap seet hien hätt säi Liewensverdéngscht ausgi fir sengem Jong eng Piloten-Ausbildung an den USA ze erméiglechen. Elo wéilt hien entschiedegt ginn, dat awer net onbedéngt a Suen. En Enkelkand wär den Eltere vum Bouf Entschiedegung genuch, ma falls hire Jong dem Wonsch bannent engem Joer net géif nokommen, da wéilte se d'Suen zréck. Fir méi Drock ze maachen hunn d'Elteren och tatsächlech eng Klo agereecht, déi de Wonsch no Enkelkanner kloer mécht. D'Geriicht an Indien huet d'Klo zougelooss.

Sollt de Jong a seng Fra dem Wonsch nogoe bleift awer ëmmer nach ofzewaarden ob déi de Kontakt mat de Grousselteren iwwerhaapt nach wëllen, no deem ganze Gedeessems...