Zu Walldorf an Däitschland gëtt et zanter kuerzem eng Ausgangsspär fir Kazen, d'Besëtzer si schockéiert!

Viru puer Deeg ass am südlechen Deel vun der Stad Walldorf eng nei Reegel fir Kazen-Besëtzer a méi genee, fir där hir Hausdéieren, festgehale ginn. An der Stad südlech vun Heidelberg befënnt sech e seelene Villchen an der Brutzäit a fir dëse viru Kazen ze  gouf hinne kuerzerhand eng Ausgangsspär verhaangen.

D' "Haubenlerche" ass an de leschte Joerzéngten ëmmer manner gesi ginn. E Grond kéint de Fakt sinn, dass de Villche säin Nascht um Buedem baut an dowéinst eng liicht Beute ass fir Kazen, déi op der Juegd sinn. Fir d'Villerchersaart ze erhalen, gouf also elo dësen Hausarrest fir Kazen an d'Liewe geruff.

D'Brutzäit geet vun Abrëll bis August, deemno géif d'Reegelung fir d'Kazen och esou laang goen. Wien dogéint verstéisst a seng Kaz wärend deem Zäitraum trotzdeem eraus léisst, dee muss mat Geldstrofe rechnen. Gëtt d'Deier am Fräie fonnt kascht dat bis zu 500 Euro, blesséiert d'Kaz de seelene Villchen oder gëtt dobäi erwëscht dësen ëmbruecht ze hunn, da kascht et d'Besëtzer souguer bis zu 50.000 Euro.

Déiereschützer an Hausbesëtzer ginn elo op d'Barrikade well ee mat dëser Moossnam zwar villäicht déi eng Deiere schützt, ma déi aner quäält. Virun allem Kazen, déi et gewinnt si baussen ënnerwee ze si géifen d'Situatioun net verstoen a kéinten duerch déi immens Aschränkung ënner Stress geroden.

"Hauskazen als déi Schëlleg duerzestelle wann et ëm d'Ausrottung vun Haubenlerche geet, wär net richteg a scho guer net nogewisen", esou eng Déiereschutzorganisatioun.

A si mer mol éierlech, géife mer no deem Prinzip funktionéieren, da misst de Mënsch wuel och ënner Hausarrest gesat ginn...