Den Optrëtt war souwisou schonn e Fail, ma dëst Geständnis mécht et wuel net besser...

Besser net mee éierlech an oppen, dat fannen och dem Camila seng Fans, déi vu sengem Optrëtt fir d'UEFA-Finall begeeschtert waren, och wann d'Fussball-Fans déi Meenung net gedeelt hunn. Déi kubanesch Sängerin war am Kader vum Champions League Match tëscht Real Madrid an FC Liverpool am Stade de France opgetrueden, ma amplaz mat senger Musek ze begeeschteren huet een d'Musekerin knapps héieren. D'Fussball-Fans hunn nämlech léiwer hir eege Fussball-Lidder gesongen a waren esou haart, dass se d'Cabello iwwertéint hunn. Donieft gouf d'Sängerin och nach ausgebut.

Op Twitter huet et sech duerno doriwwer opgereegt a gesot, dass et eng Frechheet géigeniwwer vun him a sengem Team war, déi esou laang um Optrëtt gefeilt haten. Mëttlerweil goufen d'Tweets geläscht. Dofir gëtt et dann elo en Instagram Post amplaz an deem et verréit, dass et nieft dem Optrëtt-Debakel, och bal en Outfit-Debakel hat. Et wär wärend der Show nämlech esou opgereegt gewiescht, dass et sech e bëssen an d'Box gemaach hat.

Dozou muss een allerdéngs soen, dass "I just peed my pants a little" an den USA och gären einfach mol als witzegen Ausdrock genotzt gëtt fir ze soen et wär een opgereegt. Huelt d'Ausso also genee esou seriö wéi d'Camila Cabello sech a säi Malheur selwer: nämlech net ze vill.