Wat geschitt an den USA wann ee sech iergendwéi blesséiert oder mat eppes ustécht? Richteg, fir d'éischt emol eng Klo rareechen!

Eng Fra aus dem Bundesstaat Missouri soll vun hirer Assurance eng Zomm a Milliounenhéicht ausbezuelt kréie well si sech no ongeschütztem Sex mam Partner am Auto mat enger Geschlechtskrankheet ugestach huet. D'US-Entreprise, bei där d'Gefier verséchert war, misst der Fra 5,2 Milliounen Dollar ausbezuelen, esou heescht et vun US-Medien.

Dem Rapport no, deen an de Medie behandelt gëtt, wär d'Klo am Februar 2021 bei "Geico", der Auto-Versécherung ragereecht ginn. Hei dra gouf behaapt, dass d'Fra duerch hiren deemolege Partner virsätzlech mat HPV infizéiert gouf, dee seng Geschlechtskrankheet virun hir verheemlecht hat. Verantwortlech mécht si awer net just hiren Ex mee och deem seng Auto-Versécherung. Ëmmerhi wär den Akt am Gefier vollzu ginn, duerch deen et dunn zu der Infektioun koum.

D'Versécherung huet dëst natierlech verweigert well de Schued vun der Fra net duerch d'Notzung vum Auto entstanen ass. Ma déi, déi de Fall behandelt hunn, sinn der Meenung: Déi sexuell Aktivitéiten am Auto sinn den Haaptgrond vun der Infektioun an esou soll d'Versécherung fir de Schued opkommen.