Do gouf da mol wuertwiertlech gerockt...

De Freideg den Owend hunn e puer Mënschen zu Berlin an der Ëmgéigend vum Tempelhofer Feld bemierkt, dass de Buedem sech beweegt huet. Verschiddener hunn och Äerdbiewe gemellt an hate richteg Angscht, dass eng Naturkatastroph ënnerwee wär. Seismologesch Statiounen haten da souguer Signaler opgezeechent, esou eng privat Initiativ mam Numm "Erdbebennews".

Ënnert dem Post hunn Awunner kommentéiert, déi dëst bestätegt hunn:

"Ech wunnen circa 2km Loftlinn fort am 4. Stack vun engem Albau, d'Haus huet gewackelt, meng Luucht huet gewackelt", esou eng Twitter-Notzerin.

Zu Berlin goufen et Opzeechnungen no schonn immens laang keng Äerdbiewe méi, dofir war d'Iwwerraschung ëmsou grouss bei de Leit. Ma vill manner ass se net gi wéi de wierkleche Grond un d'Luucht komm ass: De Concert vu Florence + The Machine um Tempelhofer Feld. Et war den éischten Dag vum "Tempelhof Sounds"-Festival, bei deem den Haapt-Act alles ginn huet an d'Florence Welsh d'Fans dozou opgefuerdert huet ze sprangen. Een, deen um Concert war huet bestätegt, dass et sech och op der Plaz selwer wéi en Trampolin ugespuert huet.

Experten no wär dat effektiv méiglech, wann de Buedem esou konzipéiert ass, dass en d'Mass déi spréngt ophëlt a weider leet.