De Riichter huet e kannerech vernannt an en zu 10 Joer Prisong verurteelt

De Michael Jordan Athernought, deen ënnert dem Numm Ath Rap aus Swansea am Süde vu Wales ass zu bal 10 Joer Prisong verurteelt gi well hien d'Haus vum Rapper Ricky William aka Chronic Official wollt a Flame stiechen. Wollt ass hei d'Stéchwuert: Hien huet nämlech dat falscht Haus a Brand gesat, dat an der selwechter Strooss steet. Den Athernought huet deemno eng Fra an hire Jong, déi absolut näischt mam Beef tëscht de Rapper ze dinn haten zum Affer gemaach.

Géint 3 Auer moies hat den Ath-Rap eng selwer gebaute Bensinn-Bomm duerch d'Fënster geheit, esou brittesch Medien. Doropshin huet d'Haus Flame gefaangen an d'Fra an hiren Teenager-Jong goufe vum Feier-Alarm an den Noperen erwächt. Déi Zwee konnte sech a Sécherheet bréngen an d'Feier läschen. D'Ermëttler hunn duerno festgestallt, dass d'Feier, wär et net mat Zäit geläscht ginn, iwwert dat ganzt Haus hätt kënnen iwwergräife wann d'Noperen net esou séier gehandelt hätten.

De Beef tëscht de Rapper hätt scho méi laang ugedauert a kuerz virun dem Incident hat den Althernought sengem Feind ugedrot säin Haus néier ze bréngen, "Krich bedeit Krich". Deemno war de Schëllege séier fonnt, deen och nach e Bensinn-Kanister an en zerrappt Handduch bei sech hat. De Riichter ass séier zum Schluss komm, dem Rapper 10 Joer fir säi Verhalen opzebrummen an huet e viru versammelter Mannschaft am Geriicht als "kannereg" betitelt.