Wie sech de Bing leeschte wëll muss allerdéngs 250.000 Euro op den Dësch leeën.

Geschützt virun den Noperen ass een, villäicht esouguer méi wéi gewënscht. Meter héisch Zénk, déck Betonsmaueren, Gitteren un de Fënster an Tierm aus deenen ee ka raus spionéieren. Esou kéint äeren nächst Projet vu baussen ausgesinn. Vu banne kann een de Prisong-Feeling och erliewen, mat stolen Dieren an Zellen.

Aktuell weist d'Gebai och nach vill Spawecken, Schierbelen a Schëlder vu fréiere Mataarbechter op. Ariichte kann een d'Zellen natierlech nom eegene Gusto wann een de Prisong bis kaf huet. Fir dëse misst een dann awer fir d'éischt emol 250.000 Euro op den Dësch leeën.

12 Leit hu sech bis elo fir d'11,76 Hektar-Fläch interesséiert. Dra Wunnen dierf een allerdéngs net, genee esou wéineg wéi e Club, Restaurant oder Buttek draus maachen. Wat een dierf draus maachen: E Gaardebetrib, Solaranlagen oder Wandmillen dohi stellen an och soss d'Hektaren landwirtschaftlech notzen. Dofir dierf d'Gebai da souguer ofgerappt ginn.