30 Deeg laang mat neie Matbewunner?!

Eng Entreprise aus North Carolina an den USA, déi sech ëm Schädlingsbekämpfung këmmert, wëll eng nei Method op de Marché bréngen. Dës muss natierlech fir d'éischt getest ginn a genee dofir ginn aktuell Participante gesicht.

Fir d'Experiment sollen 100 Kakerlaken a 5 bis 7 Haiser ausgesat ginn. Da gëtt d'Method vun der Entreprise agesat a gekuckt ob a wéi laang et dauert bis d'Schädlinge bekämpft goufen. Eigentlech soll dat Ganzt 30 Deeg daueren an d'Behandlungsmethod soll Familljen- an Hausdéier-sécher sinn. Ma falls um Enn vun der Etüd d'Déiercher net alleguer besäitegt goufen, da géif d'Entreprise gratis dofir opkommen d'Kakerlake mat bewäerte Methoden ze verdreiwen. A falls duerno nach Kakerlaken iwwereg bleiwen, da missten d'Hausbesëtzer sech domat offannen.

Fir déi 30(+) Deeg ginn et als Belounung un d'Leit, déi hiert Haus zur Verfügung stelle ganzer 2000 Dollar.