Wéinstens gouf d'Brout verschount...

An enger Bäckerei a Wiesbaden an Däitschland ass et de Weekend eskaléiert. Sätz, déi ee seelen héiert, ma et kënnt nach méi skurril. Am Endeffekt sinn hei de Verkeefer a Client mat engem Biesem an enger Zeitung openee lass gaangen, esou d'Police.

En 63 Joer ale Mann wollt géint 08:30 säi Bréitche kafen. Ma de 5-Euro-Schäin mat deem e wollt bezuele war beschiedegt an dowéinst huet de Verkeefer ofgeleent dësen unzehuelen. Doriwwer huet sech de Client esou opgereegt, dass e Sträit ausgebrach ass. Bei der verbaler Ausernanersetzung ass et awer net bliwwen, séier koum d'Zeitung vum Mann virun der Théik geflunn, dee säi Bréitchen du schlussendlech mat engem anere Geldschäin bezuelt huet, d'Wiesselgeld leie gelooss huet a séier senger Wee gaangen ass.

Bis en dunn erëm zréckkoum, well e jo gemierkt huet, dass e seng Zeitung zréck gelooss huet. De Verkeefer huet dem 63-Järegen awer net just d'Zeitung mee och säi Wiesselgeld an uewendrop Hausverbuet ginn. Doropshin huet de Client d'Mënzen, déi en zréck krut geholl a se op de Verkeefer geschoss. Deen huet sech doropshi säi Biesem hannert der Théik gekroopt an ass op de Client lass gaange bis deen d'Bäckerei verlooss huet.

Blesséiert gouf dobäi keen, ma de Fall ass trotzdeem bei der Police gelant, déi elo no Zeie sichen.