E Südkoreaner huet 300 Euro investéiert fir der Software Äddi ze soen

D'Decisioun vu Microsoft den Internet Explorer anzestelle bedeit fir vill Leit d'Enn vun enger Haass-Léift. Esou och fir de südkoreanesche Software-Ingenieur Jung Ki-young, deen dem Stéck Software awer e würdegen Ofschid wollt ginn. Dofir huet e ganzer 430.000 Won, ëmgerechent 317 Euro, investéiert an e Grafstee fir Internet Explorer hierstelle gelooss.

Drop ze gesinn ass de Logo vun Internet Explorer, den Datum vu sengem "Do-sinn" an drënner steet "He was a good tool to download other browsers". De Grafstee gouf am Café vu sengem Brudder an der Stad Gyeongju ausgestallt an ass zanterhier viral gaangen.

De Grafstee soll un de luesen Dout vum Explorer erënneren an d'Leit zum Laache bréngen. Dass d'Leit et awer esou feieren hätt den Jung Ki-young net erwaart a seet dozou "E weidere Grond fir mech, dem Explorer Merci ze soe well e mer et erlaabt huet e weltwäite Witz ze maachen".