Dann awer Team Kaffi oder?!

Wat huet d'Ierfgutt vu 400 Insekten a mengem Téi ze sichen? Eng Fro, déi ee sech nach ni gestallt huet an am léifsten och net stelle wéilt. Ma genee dës Fro gouf elo duerch Fuerscher vun der Universitéit zu Tréier opgeworf. En Team vu Biographen huet eng Method entwéckelt, duerch déi een Ierfgutt a gedréchent an zerklengerte Planzereschter noweise kann. Esou zum Beispill am Säckelche vum Téi.

Ma Téi-Säckelcher goufen dunn och benotzt fir de Prozess ze demonstréieren an dobäi ass dunn erauskomm, dass an esou engem Säckelchen DNA vu bis zu 400 verschidden Insekte stécht.

Positiv: D'Method funktionéiert a soll et de Fuerscher erméigleche Planzesammlungen, aus Muséeën zum Beispill, besser ze analyséieren an esou d'Insekten-Verhale vun deemools mat haut ze vergläichen. Esou erhofft ee sech méi iwwer Keefer a Beien erauszefannen. Och Spannen hannerloossen DNA op de Planzen andeem se hiert Netz spannen. Duerch d'Ierfgutt kéint ee méi iwwert d'Verbreedung vun den Déieren erausfannen.

Negativ: Wann ee realiséiert wat een do eigentlech grad drénkt....