Der Persoun ass näischt geschitt... also ausser, dass se einfach mol esou entsuergt gouf.

Op engem Festival geschéien allerlee komesch Saache mat Zelter. Se gi verwiesselt, vergiess, ofgebrannt a ganz zum Schluss dann och gäere mol entsuergt. Ma um Hurricane-Festival war dëst e bëssen ze fréi geschitt. Hei gouf nämlech opgeraumt obwuel nach Leit um Zelt-Terrain waren.

En 23 Joer ale Sécherheetsmann hat sech no senger Nuetsschicht um Festival an en Zelt geluecht an ass do ageschlof. E Bagger huet d'Zelt opgehuewen an et mat sengem Inhalt an e Container geheit. Dem Mann ass glécklecherweis näischt geschitt an en huet de Schock ouni Blessuren iwwerstanen. Trotzdeem gouf eng Ermëttlung géint de Mann am Bagger ageleet well deen hätt misse kontrolléieren ob d'Zelter eidel sinn oder net. Et hätt och ganz anescht kënnen ausgoen...