Dat kéint en Dateschutz-Problem ginn...

Jidderee ka mol eppes verléieren, virun allem wann een e Caféstour mécht. Den USB-Stick vun der Aarbecht mat vertraulechen Daten, op dee sollt een awer villäicht besonnesch gutt oppasse wann een e scho mat op den Afterwork hëlt. Virun allem wann et sech beim Stick ëm d'Date vun all den Awunner vun der Stad handelt.

Genee dëst ass engem Mataarbechter vun der Stadverwaltung vun der japanescher Stad Amagasaki geschitt. Hie wär owes duerch d'Bistroe gezunn an dobäi huet e seng Posch leie gelooss, wou ebe genee besote Stick verstaut war. Op dësem waren Donnéeë vun all den Awunner dran, dat heescht: Numm, Adress, Gebuertsdaten esou wéi Steier-Ënnerlagen a Bankverbindungen. Dës goufen deen Dag op den USB-Stick kopéiert fir se un e Callcenter ze iwwermëttelen. Ma elo goufe se net just un de Callcenter vermëttelt mee un iergendeng Persoun, déi d'Posch an domat de Stick fënnt.

E Spriecher vun der Stad huet d'Geschicht confirméiert a sech bei all den Awunner entschëllegt. "D'Vertrauen an der Verwaltung wär schwéier enttäuscht ginn", ma wéinstens wär den USB-Stick mat engem Passwuert geséchert an et géif een drop hoffen, dass d'Date sécher genuch verschlësselt goufen. Bis elo géif et och keng Hiweiser drop ginn, dass ee sech Zougang zu den Donnéeë verschaaft hätt.

"Nach ass näischt geschitt an et geet bestëmmt gutt aus", mir fannen: Kee wierklechen Trouscht fir d'Awunner...