1x Buschtawen-Zopp op Käschte vun Esch.

Een*t huet et falsch geschriwwen. Een*t huet et falsch gedréckt an nach anerer hunn dat feelerhaft Schëld opgehaangen. An trotzdeem ass et kengem opgefall, bis d'Schëld mam falsche Stroossennumm do houng.

Zu Esch goufe verschidde Stroosseschëlder wéinst Festivitéiten nei gemaach, esou och d'Schëld vun der "rue d'Ehlerange". De Problem, oder besser de Feeler, beim neie Schëld gouf den "h" falsch ubruecht.

Mir krute vun engem Eldo-Nolauschterer eng Foto vum Buschtawen-Dréier geschéckt, kuerz nodeems d'Schëld opgehaange gouf. De Moien duerno huet en eis eng weider Foto geschéckt a gesot "se hunn hire Feeler wuel bemierkt, déi al Schëlder goufen nees opgehaangen".

Da wuel back to the roots.

RTL

Saz mat x...(oder besser mat h)