Code-Wuert fir d'Maschinn ze aktivéieren: "Gëff mer et"

Et gëtt ëmmer méi un der Technik vun der Zukunft geschafft, esou och am Sex-Beräich. Dat Neist aus dësem Departement ass dann e Blowjob-Roboter, dee mat kënschtlecher Intelligenz programméiert gouf fir e méiglechst reellt Erliefnis ze generéieren. D'Maschinn heescht "Autoblow Al" an ass eng "Spillsaach" fir Männer, déi eleng mat hirer Stëmm d'Vitesse vum Roboter kënne kontrolléieren.

Mat insgesamt 6 Kommandoe wéi "bréng mech zum Kommen" (finish me) kann ee verschidde Variatiounen austesten. Ausserdeem huet den Erfanner e verstellbaren "Penis-Gripper" agebaut an och soss wéilt den Brian Sloan seng Masturbatiounstechnik weider ausbauen. Dësen huet iwwregens en Diplom am Droit, huet sech no sengem Ofschloss awer decidéiert sech léiwer an der Sex-Technik eng Karriär opzebauen, wéi als Affekot. Aktuell besëtzt hie 7 Patenter vu Sex-Roboteren a schafft drun, dass een an Zukunft keen Ënnerscheed tëscht Oralsex vun engem Roboter an engem Mënsch kéint erkennen.