Mam Gedrénks "Oma" an "Opa" lueden d'Senioren op e Patt am Heem an.

Béierzorte ginn et der vill a wärend dem Lockdown hunn eng ganz Partie Leit sech dem Hobby vum selwer brauen ugeholl. Esou och an engem Seniorenheem zu Wien, wou ënner fachmännescher Uleedung vu ronn 8 Bewunner Béier gebraut gëtt. D'Zorten, déi dobäi erauskommen nenne sech "Oma", "Opa" a fir déi hell Béierzorten: "Hellga" an "Hellmut". D'Bewunner vum Heem ginn an alleguerten d'Schrëtt vum Prozess mat abezunn, vum Fläschen-Wäschen, bis Etikettéieren, bis Afëllen.

Vill vun de Bewunner géife gäre mol e Patt drénken a wären dorun interesséiert wéi dat flëssegt Gold iwwerhaapt an hiert Gliesche kënnt, esou d'Management vum Altersheem. Donieft wär d'Béierbrauen Deel vun der Betreiung fir de Bewunner eng sënnvoll Beschäftegung ze bidden an hir Motorik spaasseg ze fërderen. De Geroch vum Béier géif ausserdeem d'Erënnerungsverméigen aktivéieren.

Hire fäerdege Produit kënnen dann och aner Awunner kafen, d'Fläsche gi fir jeeweils 2 Euro an all Altersheem mam Numm "Häuser zum Leben" verdriwwen a wie weess, bei esou coolen Nimm, kéint d'Nofro bestëmmt och ausserhalb vun dësen Heemer méi grouss ginn.