Ëmstridden an zenséiert, ma zu Tawern gouf et an der Kierch op der Uergel gespillt!

Den Text ass einfach, d'Melodie ass nach méi einfach an dofir huet een d'Zeile mol net gebraucht fir direkt ze erkennen, dass an der Mass zu Tawern de Ballermann-Hit op der Uergel ugestëmmt gouf. Den Organist Thomas Koltes hat de Song, iwwert dee vill diskutéiert gëtt, an der Kierch gespillt fir en Zeeche géint "onnéideg Zensur" ze setzen. Provozéiere wollt en net dofir huet en och net d'Lyrics ugestëmmt a just d'Melodie. Ma dat ass duergaangen, dass de Video viral geet. 99% vun de Reaktiounen, wieren dem 39 Joer ale Museker dann och positiv, just e puer hätten d'Initiativ net esou gutt fonnt.

Wann de Mann sech net grad als Museker zu Tawern engagéiert, schafft en iwwregens haaptberufflech hei am Land als Schräiner.