
© Screenshot Twitter
Snakes on a plane/plate...
Mir soe scho mol Sorry fir jiddereen, deen elo Angscht virum Iessen am Fliger krut oder keen Appetit méi huet mee tatsächlech ass wärend dem Fluch vun Ankara op Düsseldorf e Friemkierper am Iesse vun engem Mann entdeckt ginn. De Mann huet eegenen Aussoen no e puer Maufele vu sengem Iesse geholl ier en tëscht de Gromperen an der Zalot de Kapp vun enger Schlaang entdeckt huet.
Wéi de Schlaange-Kapp dohi komm ass, dat ass net gewosst. D'Fluchgesellschaft Sunexpress, eng Bëlleg-Airline vu Lufthansa an Turkish Airline wëll keng Responsabilitéit iwwerhuelen. Si géifen d'Iesse vun der Firma "Sancak Inflight" geliwwert kréien an dës hunn en offizielle Statement gemaach, dass si keng esou "Friemkierper" beim Kache verwende géifen.
Dat Ganzt soll elo ënnersicht ginn.