Ass dat scho Konscht oder ëmmer nach McDonalds?

E Kënschtler aus Australien verkeeft e skurrilt Konschtwierk fir 10.000 Neiséilännesch Dollar. D'Konschtwierk besteet aus enger Kornischong vun engem McDonalds-Burger, déi duerch d'Zooss vum Burger um Plaffong hänke bliwwen ass. Bei enger Ausstellung an Neiséiland huet en dat ongewéinlecht Konschtwierk presentéiert, respektiv virgefouert. AN der Galerie huet de Kënschtler d'Kornischong vum Burger geholl a se erop geschleidert. Zack Konscht. An Zack 10.000 Dollar fir deen, deen dëst Konschtwierk wëll kafen.

Wéi keeft een eng Kornischong, déi um Plaffong hänkt? Dat gouf net erkläert, dofir awer, dass jidderee Konscht anescht definéiert. D'Konschtwierk nennt sech "Pickle" a kascht ëmgerechent ronn 6.152 Euro. Just zum Verglach e Burger vun deem een dës Kornischong zéie kéint a selwer un de Plaffong geheit géif an Neiséiland 4,44$ kaschten.

Den Direkter vun der Galerie versteet wa Leit de Wäert vum Konschtwierk net kéinten novollzéien, ma d'Wierk géif Froen opgeheien, wéi Persoune mat Wäert a Sënn géifen ëmgoen an dës definéieren. Dat kann een esou gesinn oder et gesäit een eben eng Kornischong um Plaffong, Konscht ass subjektiv.