An de leschte Wonsch soll jo bekanntlech erfëllt ginn...

Virun hirem Dout huet déi 99 Joer al Fra, Catarina Orduña Pérez, ee leschte Wonsch: Si wollt eng gigantesch Penis-Statue op hierem Graf stoen hunn. An e steet!

Hier Famill huet hier de leschte Wonsch elo erfëllt an en 1.67 Meter grousst a iwwer 200 Kg schwéiert Monument a Phallus-Form um Grafsteen a Mexiko opriichte gelooss

"Si wollt mexikanesch Denkmustere briechen, déi Saache verstoppt hu well d'Leit net oppe genuch waren an hirem Denken", esou hiren Neveu. D'Doña Cata, wéi d'Leit am Duerf se och nach genannt hunn, war scho méi laang vun der Symbolik vum Penis begeeschtert an huet dru gegleeft, dass se eng gewësse Fräiheet representéieren.

Si huet sech an hier Familljen-Memberen dacks als "vergas" bezeechent, en Ausdrock aus Mexiko, dee sech op Lëtzebuergesch just schwéier iwwersetze léisst. "Verga" ka gläichzäiteg eng Beleidegung duerstellen, wéi et och als Kompliment ka genotzt gi fir ze soen, dass een "cool" ass oder et fauschtdéck hannert den Oueren huet (an engem gudde Sënn).