Domat mécht e sengem Numm als Aquaman all Éier...

Op TikTok ass dës Woch e Video opgedaucht an deem een de Schauspiller Jason Momoa an enger ongewinnter Roll gesäit. Nämlech net an enger Filmroll mee an engem Fliger vun "Hawaiian Airlines" als Steward. Ganz am Aquaman-Style huet de Star hei Waasserfläsche verdeelt. Passend zu der Fluchgesellschaft a senger Hierkonft (Honolulu) hat en och eng Blumm hannert dem Ouer stiechen.

Och wann en excellent an d'Zeenerie gepasst huet an d'Passagéier méi wéi glécklech iwwert dës Aktioun waren, war dat Ganzt net esou spontan wéi een dat elo kéint mengen. De Momoa huet eng eege Waasser-Mark mam Numm "Mananalu" an de kuerzen Ausfluch an den Job vun engem Steward war eng PR-Aktioun fir Reklamm dofir ze maachen.

Huet geklappt: De Video vum Jason Momoa als Aquaman iwwert de Wolleken ass direkt viral gaangen. Trotzdeem, d'Passagéier an d'Leit an de Kommentaren op social media ware begeeschtert vun dëser Aktioun.