Den Etienne Klein soll en neie Stär fonnt hunn.

Den 31. Juli huet de Wëssenschaftler Etienne Klein sech e klenge Witz op Twitter erlabt. Hien huet eng Foto vun enger spuenescher Chorizo-Zossis-Scheif op engem schwaarzen Hannergrond gemaach, an da behaapt hien hätt en neie Stär entdeckt.

Ënnert der Foto huet hie geschriwwen: « Foto vum Proxima vu Centaure, de Stär deen am noosten un der Sonn läit an dee 4,2 Liichtjoer vun eis ewech läit. Deen Niveau un Detailer...»

Den Tweet hunn 10 000 Leit geliked an en goufen 1 334 mol weidergedeelt. Vill Leit sinn also op de Witz eragefall. Vill hunn de Witz och net ganz witzeg fonnt an hunn sech driwwer opgereegt dass en Wëssenschaftler sech esou eppes erlabt.

Den Etienne Klein war iwwerrascht vum Ausmooss deen säin Tweet hat an huet sech dann och entschëllegt.

De Chorizo-Stär soll en bekannte Witz ënnert Physiker sinn, wëll deen engem Stär wierklech staark änelt. Säin Streech sollt de Leit och weisen dass si net direkt alles um Internet gleewe sollen, ouni sech froen ze stellen. Fir hie war et awer haaptsächlech en klenge Spaass deen hien sech beim Apero erlabt huet.