Et ass ni ze spéit...

Stellt iech vir dir fannt iergendwou doheem e Buch aus enger Bibliothéik dat der vergiess hutt zréck ze bréngen. Sinn et e puer Wochen oder Méint, da muss een zwar villäicht mat engem strofende Bléck a mat Käschten, déi drop kommen, rechnen, ma dat kënnt mol vir. Fënnt een esou e Buch no Joren, dann ass dat scho méi penibel a vill Leit géifen et villäicht einfach vertuschen. Net esou den Charlie Adams, deen a sengem éischter Joer op der Uni, 1983, e Buch ausgeléint hat. 40 Joer méi spéit huet de Mann "Sabbatical: A Romance" vum John Barth erëmfonnt, 14.153 Deeg nom Datum wou et fälleg war.

Perséinlech laanschtzegoe fir et zréck ze brénge war em dunn awer ze penibel an esou huet en de Pak mam Buch, 58 Dollar an engem Bréif mat enger Entschëllegung an Erklärung un d'Librairie geschéckt. A sengem Bréif erkläert den Charlie Adams, dass e mat senger Fra geraumt huet fir ze plënneren an du si se iwwert d'Buch gestolpert. Si wollten d'Buch net mat plënneren an hu geduecht, dass dann elo de perfekte Moment wär fir et dohin zréck ze kréie wou et hi gehéiert."

D'Bibliothéik ass frou doriwwer, dass d'Buch säi Wee zréck fonnt, och wann et laang gedauert huet an et warscheinlech net zréck an d'Regal kënnt. Mëttlerweil hätt d'Kollektioun geännert an d'Buch wär eng ze al Versioun, ma et wär schéin ze gesinn, dass d'Bicher e Liewen ausserhalb vun der Librairie kréien.