Den Apel fält heiansdo awer wäit vum Stamm...

D'Eve Jobs, d'Duechter vun engem vun den Apple-Grënner, ass anscheinend net iwwerzeegt vum neisten Apple-Produit. An enger Instagram-Story huet et e Meme gedeelt bei deem et ëm den iPhone 14 geet.

Am Meme ass en eeleren Här ze gesi mat engem rout karéierten Hiem, deen dat selwecht rout karéiert Hiem nach emol a sengen Hänn hält an dobäi ganz frou kuckt. Am Text ze liesen: "Ech hunn en Upgrade vun engem iPhone 13 op en iPhone 14".

RTL

© Instagram Screenshot / @evejobs

De Witz: Déi zwee Hiemer gesinn identesch aus. Domat gëtt dann op d'Ausgesinn an d'Technik vun de béiden Apple-Modeller ugespillt well e wierklechen Ënnerscheed gëtt et der Meenung vu ville Leit no, net.