Wann der ärer mentaler Gesondheet eppes Guddes doe wëllt!

An Australien huet de Lawrence Fox e méi ongewéinlecht Konzept op d'Been gestallt: Mat Cow-Cuddling Co. bitt hien zu Goldsborough Kuschel-Sessioune mat Kéi un. Dës wären esou zoutraulesch wéi Hënn, just eben eng hallef Tonn méi schwéier, geckst den Australier. änlech wéi en Hond géif eng Kou et genéisse geheemelt ze ginn a fir d'Mënsche wär dëst och gutt.

De Fox selwer war laang Zäit an engem stressegen Job a war onzefridden an ausgebrannt. Dunn ass d'Pandemie komm an e war op enger Farm vu Frënn wéi de Lockdown ausgeruff gouf. Do ass en du mol bliwwen an huet séier gemierkt, dass en deem Lifestyle besser bekënnt, virun allem dann, wann e mat de Kéi um Haff Zäit verbruecht huet. Wéi seng Frënn ëm gesot hunn, dass si d'Kéi misste verkafen, huet den Australier séier decidéiert, dass hie souwuel de Kéi wéi och senge Frënn wéilt hëllefen a se ofkafen. An de Geschäftsmann, deen en ass, huet en doraus eng Business-Iddi entwéckelt: Kéi heemele fir, wéi hien et erlieft huet, vum stressegen Alldag Ofstand ze kréien.

Doropshin huet e säin Job gekënnegt an dat neit Konzept opgebaut, bei deem d'Interaktioun mat de Kéi eng Zort Therapie ass. Et géife souguer Etüde ginn, déi besoen, dass et Mënschen hëlleft Rou ze fanne wa se an der Géigend vu Kéi sinn.Scho 15 Minutte mat den Déiere géif hëllefe fir d'Hormon Oxytocin fräi ze setzen an eng sozial Verbonnenheet auszeléisen. Duerno wären d'Patiente méi entspaant an hätte méi Energie. Déi eng gesinn et als Touristenattraktioun, aner Cliente komme reegelméisseg am Kader vun enger Therapie. An Australie kann nämlech en Dokter/eng Doktesch d'Kéi-Kuschele verschreiwen an esou ginn d'Käschte vun der Krankekeess ofgedeckt.

Mam Erléis vun de Kou-Sessioune wëll den Entrepreneur net just säin eegent Liewe finanzéieren an dat vun de Kéi besser maachen, e gëtt en Deel dovun och un aner Organisatioune virun.