Wien ass hei fir d'Erzéiung vun der Wäschmaschinn zoustänneg?!

Eigentlech wollt eng Englännerin just d'Wäsch maachen, wéi d'Maschinn si op ee mol a liichtend roude Buschstawen als "Slut" bezeechent huet. Aus dem engleschen iwwersat heescht dat esou vill ewéi "Houer"...

D'Fra huet natierlech direkt hiren Handy geholl an den onhéifleche Geste gefilmt, e Video dee schonn iwwert 89.000 mol geklickt gouf. Virun allem hu sech User domat ameséiert, datt hir Maschinne just ëmmer langweileg Feelermeldungen opweisen. Eng aner Persoun huet sech gefrot bei wat d'Maschinn d'Besëtzeri wuel beobacht huet fir esou Wierder an de "Mond" ze huelen.

Villäicht huet d'Maschinn dat eent oder anert gesi wat hir net gefall huet, oder villäicht wollt si och just matdeelen dat si "slut" ass... Dat heescht nämlech op schwedesch an dänesch esou vill wéi "fäerdeg"!