
© Screenshot Facebook / Administration Communale de Wormeldange
Déi Technik...
Zu Wuermer virun der Gemeng steet e Panneau op deem normalerweis Informatiounen, Eventer oder Reklamm ugewise gëtt. Ma de Sonndeg ass e ganz spezielle Film do gelaf an dat net am Kader vun iergendengem Open Air Kino, Onbekannter hate sech an d'Informatiounstafel erageschalt.
An der Nuecht gouf op dem Panneau also zäiteweis e Porno gewisen an dat ass natierlech net laang onbemierkt bliwwen. E User huet et ofgefilmt an an déi sozial Medie gesat, wou sech engersäits iwwert d'Situatioun geiergert, bei aneren awer och driwwer ameséiert gouf.
De Méindeg huet d'Gemeng sech dann zu den obszönene Biller geäussert a sech fir dei "onschéin a komplett deplacéiert Iwwerraschung" entschëllegt. De Beamten no, hätten Onbekannter sech an de System geschalt an et esou fäerdeg bruecht Säiten opzeruffen, déi net op dës ëffentlech Plaz gehéieren. Et géif een der Saach nogoen an et hätt een direkt mol verhënnert, dass dëst nach eng Kéier geschéie kéint.